Michel Lentz, Ons Heemecht |
|
Wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zéit, |
duerch d’Fielsen d’Sauer brécht, |
wou d’Rief laanscht Musel dofteg bléit, |
den Himmel Wäin ons mécht – |
dat ass ons Land, fir dat mir géif |
hei nidden alles won. |
Onst Heemechtsland, dat mir sou déif |
an onsen Hierzen dron. |
|
O Du do uewen, deem seng Hand |
duerch d’ Welt d’Natioune leet, |
behitt Du d’Lëtzebuerger Land |
vu friemen Joch a Leed! |
Du hues ons all als Kanner schonn |
de fräie Geescht jo ginn. |
Looss virublénken d’Fräiheetssonn, |
déi mir sou laang gesinn. |
|
Verkinto de tiu ĉi Leceburga poemo estas Michel Lentz (*1820 - †1893). |